Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 68.073 Artikelen an 122 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuelle WikiProjet: Buergermeeschteren
Wousst Dir schonn, datt…

- … de Boulevard de la Recherche um Belval op knapps 300 Meter duerch Frankräich geet?
- … den zweeten an deen drëtte President vun de Vereenegte Staate genee de selwechten Dag, de 4. Juli 1826, gestuerwe sinn?
- … den Iechternacher Séi e kënschtleche Séi ass, deen Enn der 1970er Joren ugeluecht gouf, fir d'touristesch Offer ze diversifiéieren, an dofir d'Lëschenhaus, e Barockgebai vu 1676, ofgerappt gouf, well et soll gehënnert hunn?
- … de franséische Chansonnier Serge Gainsbourg an den 1960er Joren och Regisseur vu Sandalefilmer war?
- … Südafrika eelef ofiziell Sproochen huet?
Artikel vun der Woch

Cassini-Huygens ass den Numm vun enger Missioun vun zwou Raumsonden, déi gebaut goufen, fir de Planéit Saturn, seng Réng a seng Mounden z'erfuerschen. De Cassini war en Orbiter, deen am Opdrag vun der NASA gebaut gouf an den seng Observatiounen aus enger Ëmlafbunn eraus gemaach huet. Den Huygens gouf am Optrag vun der ESA als Lander gebaut an ass am Laf vun der Missioun vum Cassini ofgekoppelt ginn, fir um Moudn Titan ze landen, an esou Informatiounen iwwer seng Atmosphär a seng Uewerfläch zu sammelen.
Déi zwou Sonden, déi uneneegekopplet waren, goufen de 15. Oktober 1997 vum Launch Complex 40 op Cape Canaveral mat enger Titan-IVB-Rakéit gestart. Den 1. Juli 2004 ass de Cassini an den Orbit vum Saturn ageschwenkt, an de 14. Januar 2005 ass den Huygens, dräi Wochen nodeems e sech vum Cassini getrennt hat, um Titan gelant, an huet 72 Minutte laang Daten op d¨Äerd geschéckt. Dem Huygens seng Missioun gouf e puermol verlängert a goung definitiv op en Enn, wéi en de 15. September 2017 an d'Saturnatmosphär agetrueden an dobäi vergloust ass... > méi

Op engem 27. Oktober
- 1728: De britteschen Entdecker a Séifuerer James Cook kënnt op d'Welt.
- 1858: Den US-amerikanesche Staatspresident an Nobelpräisdréier Theodore Roosevelt gëtt gebuer.
- 1914: Gebuert vum brittesche Schrëftsteller Dylan Thomas.
- 1918: Déi US-amerikanesch Schauspillerin Teresa Wright kënnt op d'Welt.
- 1923: Den US-amerikanesche Moler a Graphiker Roy Lichtenstein gëtt gebuer.

James Cook - 1942: Déi lëtzebuergesche Schrëftstellerin José Ensch gëtt gebuer.
- 1956: Am Traité vu Lëtzebuerg gëtt festgehalen, datt d'Saarland den 1.1.1957 Däitschland bäitriede géif.
- 1961: Beim Grenzpassage Checkpoint Charlie, an der Berliner Mauer, sti sech US-amerikanesch a sowjetsch Tankse géintiwwer, prett fir ze schéissen.
Kierzlech Verstuerwen

- ≤27. Oktober: Norbert Haupert, lëtzebuergesche Politiker.
- 26. Oktober: Henri Frank, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 21. Oktober: Tom Skerritt, US-amerikanesche Schauspiller.
- 18. Oktober: Gast Heuschling, lëtzebuergesche Moler
- 6. Oktober: Eva Marie Saint, US-amerikanesch Schauspillerin.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
